Virstellung vun eisem "PINS on Wheels"

D'Camionnette ass 5,3 m laang , 2 m héich an 1,9 m breet.

Staunen, fuerschen an entdecken!

All eis Experimenter si kandgerecht a ginn entweder vun de Kanner selwer ausgefouert oder een aus eisem Team mécht eng Virféierung. Mir leeë Wäert dorop, (souwäit d’Experimenter dat erlaben), datt nohaltegt an ëmmer nees benotzbar Material agesat gëtt.

Eis Atelieren ginn ëmmer nees weider entwéckelt an no enger Zäit duerch neier ersat.